Futtball-EM: 3. Spilldag: Dänemark wéinst Fair-Play-Reegel weider, England a Frankräich enttäuschen (2024)

En Dënschdeg stoungen am Kader vum drëtte Spilldag op der Europameeschterschaft an Däitschland déi leschte Matcher an de Gruppen C an D um Programm.

Resumé Futtball-EM / Reportage Serge Olmo

Am Grupp D hu sech nach dräi Ekippen ëm d'Gruppevictoire gestridden. Um Enn sollte sech déi d'Éisträicher sécheren: An engem geckege Match, an deem et op an of gaangen ass, konnte sech d'Éisträicher mat 3:2 géint d'Hollänner behaapten. Dës landen op der drëtter Plaz. D'Fransouse schléissen d'Grupp nom enttäuschenden 1:1 géint d'Polen iwwerdeems op der zweeter Plaz of.

Am Grupp C haten déi véier Natiounen nach d'Méiglechkeet fir an d'Aachtelsfinallen anzezéien. Deementspriechend héich war den Drock bei de Formatiounen. Dëst huet een allerdéngs och an de Matcher gemierkt. Souwuel de Match tëscht England a Slowenien ewéi och de Match tëscht Dänemark a Serbien war more Kascht. A béide Matcher konnt keng Ekipp als Gewënner vum Terrain goen, soudatt d'Englänner d'Grupp als Éischten ofschléissen, d'Dänen wéinst der Fair-Play-Reegel op der zweeter Plaz stinn, d'Slowenen déi drëtt Plaz beusprochen an d'Serben op der leschter Plaz stinn.

Grupp D: Holland - Éisträich 2:3

0:1 Malen (6', Selbstgol), 1:1 Gakpo (47'), 1:2 Schmid (59'), 2:2 Depay (78'), 2:3 Sabitzer (80')

Zu Berlin kruten d'Spectateuren eng monter éischt Hallschent tëscht Holland an Éisträich ze gesinn. Et waren d'Éisträicher, déi vun Ufank u voll opgespillt hunn a schonn no 6 Minutte verdéngt mat 1:0 a Féierung gaange sinn. Dëst no engem kromme Selbstgol vum Malen, dee mat senger Grätsch de Ball a säin eegene Gol geschoss huet. D'Hollänner hunn deen Ament kee Land gesinn, hu sech awer am weidere Verlaf ëmmer besser an de Match gespillt. Mä den Hollänner sollt kee Gol geléngen. Weder de Rejinders nach de Malen konnten hir Occasioune verwäerten. Deemno ass et mat engem 1:0 op den Téi gaangen.

Nom Téi ass de Match nees verréckt gestart. Dës Kéier huet et nëmmen zwou Minutte gedauert, ier datt de Ball an engem Filet louch. Et waren d'Hollänner déi gefeiert hunn. Dëst no engem fulminante Gol vum Gakpo, dee schéin vum Xavi an Zeen gesat gouf. Allerdéngs huet dëse Score net laang ugehalen. Schonn an der 59. Minutt sinn d'Éisträicher nees duerch de Schmid a Féierung gaangen. Dës Féierung konnten d'Éisträicher awer net verdeedegen. An der 78. Minutt sollt den Hollänner nees den Ausgläich duerch den Depay geléngen. Mä de Match war nach net fäerdeg! D'Éisträicher hu sech net geschockt gewisen a konnten an der 80. Minutt duerch de Sabitzer den 3:2 markéieren. Un dësem Score sollt sech näischt méi änneren, soudatt Éisträich e verréckte Match mat 3:2 fir sech entscheede kann.

Grupp D: Frankräich - Polen 1:1

1:0 Mbappé (56', Eelefmeter), 1:1 Lewandowski (79', Eelefmeter)

D'Spectateure kruten e Match ze gesinn, an deem béid Formatioune villes schëlleg bliwwe sinn. Zwar haten d'Fransouse gréisstendeels de Ball an hu sech och déi eng oder aner Chance erausgespillt, mä eppes richteg Geféierleches sollt fir d'Equipe Tricolore net eraussprangen. Et waren dogéint d'Polen, déi wa se eng Kéier virum Gol opgedaucht sinn, déi besser Occasiounen haten. Esou haten d'Fransousen Gléck, datt de Lewandowski souwuel an der 6. souwéi an der 34. Minutt de Ball net am Gol ënnerbruecht huet. Et ass deemno mat engem leeschtungsgerechten 0:0 an d'Kabinne gaangen.

No der Paus hunn d'Fransousen d'Vitess allerdéngs erhéicht. Si sinn de Géigner méi héich siche gaangen an hunn esou méi Drock op d'Polen ausgeüübt. Esou konnt den Dembelé och an der 55. Minutt en Eelefmeter fir seng Faarwen eraushuelen. D'Verantwortung virum Punkt huet sech den Mbappé net huele gelooss. No engem schéine Schoss an de rietsen Eck stoung et dunn 1:0 fir d'Equipe Tricolore. Mä d'Polen hu sech net opginn. Dëst well d'Fransouse sech awer och schwéier gedoen hunn, fir de Sack zouzemaachen. Esou hu si d'Polen nees zréck an de Match komme gelooss: An der 75. Minutt huet den Arbitter no engem Feeler vum Upamecano um Swiderski op de Punkt gewisen. Am zweete Versuch konnt de Lewandowski vum Punkt du fir seng Faarwen egaliséieren. No dësem Gol ass net méi all ze vill geschitt, soudatt Frankräich um Enn net iwwert en 1:1 géint Polen erauskënnt.

Grupp C: England - Slowenien 0:0


Zu Köln war am Match tëscht England a Slowenien d'Favoritteroll kloer verdeelt. Mä de sougenannte Favorit aus England ass dëser allerdéngs net gerecht ginn. Si hu sech géint d'Slowenen, déi an der Defense zolidd stoungen, extrem schwéier gedoen a konnte sech keng geféierlech Chancë kreéieren. A wann dann eng Kéier e Ball a Richtung Gol vum Oblak gaangen ass, da war et meeschtens e Wäitschoss, deen de Golkipp allerdéngs viru keng gréisser Gefor gestallt huet. D'Slowenen hunn hirersäits op Kontere gelauert, konnten dës awer nëmme seelen op en Enn spillen, soudatt et mat engem 0:0 an d'Hallschent gaangen ass.

Nom Téi kruten d'Spectateuren dat wuelbekannte Bild ze gesinn: D'Englänner haten de Ball, wossten domadder awer net vill unzefänken an d'Slowenen hu sech komplett zréckgezunn an hunn op Ëmschaltsituatioune gewaart, déi sech hinnen awer net erginn hunn. D'Englänner hu sech d'Zänn un de Slowenen ausgebass, ouni datt se allerdéngs gutt gespillt hätten. Si sinn iwwert de ganze Match ferm hannert den Erwaardunge bliwwen, soudatt no 90 Minutten en enttäuschenden 0:0 géint eng sloweenesch Ekipp um Bou steet, déi hirersäits och net iwwerzeegend opgetrueden ass. Duerch dësen 0:0 ass et den Englänner allerdéngs gelongen, fir hir éischte Plaz am Grupp ze verdeedegen.

Grupp C: Dänemark - Serbien 0:0

Och am Match tëscht Dänemark a Serbien ware Chancë rar geseet an d'Spectateure kruten e more Kascht zerwéiert. Dobäi waren awer virun allem d'Serben extrem schwaach, déi onbedéngt dräi Punkten néideg gehat hätten, wa se nach eng Ronn weiderkomme wéilten. Mä och d'Dänen hu sech schwéier gedoen a konnten nëmme seelen Akzenter am Stuerm setzen. Am Ganze goufen an der éischter Hallschent nëmmen zwee Schëss op de Gol lassgelooss, wat den Niveau vum Match ënnersträicht. Et ass an engem schwaache Match mat engem 0:0 op den Téi gaangen a bei béide Formatioune war wuel nach vill Loft no uewen.

Kuerz no der Paus louch de Ball op eemol am Gol vun den Dänen an d'Serben hu gefeiert: Den Andersen hat de Ball onglécklech a säin eegene Gol bugséiert. Allerdéngs huet de Selbstgol net gezielt, well kuerz virdrun e serbesche Spiller, deen eng Pass gemaach huet, am Abseits stoung. Bei kengem vu béiden Natiounen ass dësen Owend vill zesummekomm, soudatt béid Ekippe sech no engem extrem schwaache Match mat engem 0:0-Gläichspill trennen. D'Däne séchere sech, doduerch datt se manner giel Kaarten ewéi d'Sloweene gesinn hunn, déi zweete Plaz am Grupp, wougéint d'Serben als Gruppeleschten d'Heemrees untrieden dierfen.


Futtball-EM: 3. Spilldag: Dänemark wéinst Fair-Play-Reegel weider, England a Frankräich enttäuschen (2024)
Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Arielle Torp

Last Updated:

Views: 6308

Rating: 4 / 5 (41 voted)

Reviews: 80% of readers found this page helpful

Author information

Name: Arielle Torp

Birthday: 1997-09-20

Address: 87313 Erdman Vista, North Dustinborough, WA 37563

Phone: +97216742823598

Job: Central Technology Officer

Hobby: Taekwondo, Macrame, Foreign language learning, Kite flying, Cooking, Skiing, Computer programming

Introduction: My name is Arielle Torp, I am a comfortable, kind, zealous, lovely, jolly, colorful, adventurous person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.